Milites Viennenses

Iwwer Milites Viennenses

Bei der Bruderschaft MILITES VIENNENSES, déi 1994 gegrennt gin ass, treffen sech geschichtlech Passionéierter, déi engem interesséierten Publikum mettels detailgetreiter Duerstellungen zwou verschidden historesch Epochen vermettelen wellen.

Déi éischt duergestallten Epoch emfaasst déi Zäit em 1250, dem Héichpunkt vun der ritterlecher Kultur a Veianen. Déi zweet Epoch spillt sech 350 Joer méi spéit of, et ass eng traure Episod vun der Geschicht, fir d’Grafschaft Veianen so wéi och ganz Europa. Den dressegjähregen Kriich.

Op perséinlechem Niveau erlaaben eis d’Duerstellungen vum Alldaag bis zu engem gewessenen Grad d’Erfaahrungen eiser Aahnen no ze vollzéien, Fréed a Léed ze empfannen, awer och d’Schwieregkeeten mat deenen si konfrontéirt gi sin.

Des Erfaahrung welle mir gären deelen…

Aktivitéiten

Ons Grupp organiséiert a bedeelegt sech mat Zesummenaarbecht mat lokalen, nationalen an internationalen Partner am Land an am Ausland un historischen Duerstellungen vum 13. a 17. Joerhonnert. Mir versichen d’Geschicht lieweg gin zeloossen a se spilleresch dem Publikum ze vermettelen. Onst Betätegungsfeld ass breet gefächert a sou kenne mir Veranstalter ee Konzept „op Mooß“ ubidden

Onsen öffentlechen Programm setzt enneraanerem aud folgenden Aktivitäiten zesummen:

  • Viirféirung vum Alldaag am 13. a 17. Joerhonnert;
  • Duerstellung vu zivilen a militäresche Lager a Turnéier;
  • Spezifesch Duerstellungen: Kiichen, Fechten, Chirurgie,… ;
  • Viirvéierung vu historeschem Material;
  • Véirungen a geféiert Visiten;
  • Historesche Bankett;
  • Waffenviirféierung a Drill;
  • Szenespiller: Zweekampf, geriichtsprozess asw.

Agenda 2016

Newsletter

Abonnéiert onse Newsletter a bleiwt emmer um Laafenden!



Bucht ons

…wann Dir eng Veranstaltung plangt déi aus Inhalt 13. Oder 17. Joerhonnert enthält.

Maacht bei ons mat

Wann Dir méi iwert ons wessen wellt a Loscht emol bei ons Schnupperen zekommen…

…Zéckt net a huelt mat ons Kontakt op!

Kontaktéiert ons

…iwwer info@milites-viennenses.org